Sou heescht et um Mëttwoch de Mëtteg an engem Communiqué vum OGBL.

Den internationale Cabinet, deen op intellektuell Proprietéit spezialiséiert ass, hätt decidéiert, 28 vu sengem am Ganzen 30 Mataarbechter am Grand-Duché ze entloossen a seng Büroen hei zouzemaachen, schreift den OGBL. D’Direktioun géing bis elo refuséieren, ee faire Sozialplang mat der Personaldelegatioun auszeschaffen, kritiséiert d’Gewerkschaft. D’Entreprise mat Sëtz zu London misst sech engagéieren, konstruktiv an éierlech Verhandlunge mat der Personaldelegatioun opzehuelen a Responsabilitéit iwwerhuele fir déi betraffe Salariéen.

An engem Feedback un d'Redaktioun huet Entreprise allerdéngs en Donneschdeg preziséiert, d'Büroen zu Lëtzebuerg géife genee geholl net zougemaach ginn. Vill méi hätt een "déi ganz schwéier Decisioun geholl, d'Aart a Weis, op déi eng Rei vun eisen administrativen Operatioune gemaach ginn", ze änneren. Et wier deemno vill méi eng Upassung vun der Entreprise un d'Zukunft.