D'ESG-Strategie vum Kompensatiounsfong

De Kompensatiounsfong – de Fong, deen d’Rentereserve vu ronn 29 Milliarden Euro geréiert – ass net just en Thema wéinst der Debatt iwwert d’Renten.
Ëmmer nees weisen Ëmweltorganisatioune mam Fanger op d’Investissementer vun deem Fong. Um Mëttwoch nees Greenpeace Lëtzebuerg. De Fonds de compensation, deen ass sech eegenen Aussoen no senge Responsabilitéiten a Saachen Ekologie, Soziales a gutt Gouvernance bewosst. Déi sougenannt "ESG"
A sengem zweete Rapport vum "responsabelen Investisseur" (voller finanztechnescher Fachbegrëffer, déi keng Lëtzebuerger Iwwersetzung hunn) erënnert de Kompensatiounsfong drun, datt hien zanter 2011 Firmen vu senge Investissementer ausschléisst, déi d’Kritäre vun der UNO net erfëllen.
Op der rouder Lëscht sinn 140 Firmen, déi ëmstridde Waffe produzéieren, d’Mënscherechter oder d’ Ëmwelt net respektéieren oder béides. Eng Rei russesch oder chineesesch Konzerner, Energiekonzerner ewéi "Saudi Arabian Oil", mee och US- an europäesch Firmen, dorënner esouguer Airbus. Dobäi kommen nach 260 Securities – Titren - déi méi flexibel sinn ewéi Aktien.
De Fong verséchert, datt d’Investissementer, déi extern geréiert ginn, an den Hänn vu Managers wieren, déi sech zu responsabele Reegele bekennen. Déi Investissementer, déi de Fong selwer aktiv mécht, hätten eng nohalteg Approche. 85% vun deenen hätten e besseren ESG-Score, wieren also méi ekologesch, sozial a gutt gouvernance ewéi de Benchmark, an anere Wierder e Verglach mam internationalen Duerchschnëtt.
D’Aktien, déi de Kompensatiounsfong huet, géingen en Energiemix erëmspigelen, deen no um Mix vun 2030 wier, fir konsistent mam Zenario vun enger Äerderwärmung vun 2 Grad ze sinn.
En Debat zanter 2010
Et hat alles ugefaang, ewéi deemools den Deputéierte vun déi Lénk André Hoffmann opgedeckt hat, datt de Fong Aktie vu Firmen hat, déi Streebommen produzéieren. An dat obwuel de Grand-Duché d’Konventioun géint dëst Krichsmaterial ënnerschriwwen huet. An der Suite dovunner gouf d’schwaarz Lëscht erstallt an eng nei Strategie entwéckelt. Méi helleg ewéi de Poopst ze sinn, ass awer an zwou, oder dräi fundamentalen Hisiichten delikat.
Éischtens ass d’Haapt-Missioun vum Kompensatiounsfong, de Rendement vun der Rentereserve ze maximiséieren. D’Gerante vum Fong mussen deemno den Equiliber fannen tëscht Rentabilitéit a Risk, an da kënnt nach Verantwortung dobäi.
Dat bréngt vill Kappzerbrieches mat sech. De fréiere Chef vun der Pensiounskeess a vum Fong Robert Kieffer huet ëmmer nees Beispiller vu Froen opgeworf. Zum Beispill, ob de Fong dann net soll a Produzenten vu Pestiziden investéieren, iwwerdeems EU-Staaten oder d’EU-Kommissioun selwer ëmmer nees der awer zouloossen. Méi komplex wier et nach, wann ee seet: kann ech da keng Aktie méi vun enger Bank kafen, well déi Bank engem Sue léint, deen iergendwéi Produkter ënnerstëtzt, déi net nohalteg wieren? D’finanziell Verstréckung tëscht allen Acteuren geet wäit.
An enger Aktualitéitsstonn d’lescht Joer an der Chamber huet d’ADR kritiséiert, datt d’ESG-Kritären ze restriktiv wieren. De Fong soll méi autonom sinn an zum Beispill dach kënne selwer entscheeden, ob en an d’Waffeproduktioun investéiert oder net. Dat huet e bëssen Ironie, well grad d’ADR mat zu de Kritiker vun der Oprëschtung gehéiert. Mee et ass och ironesch, datt de Fong net soll an déi Industrie investéieren, iwwerdeems d’politesch Majoritéit hei am Land selwer wëll, datt wéinst der russescher Menace massiv an d’Defense investéiert gëtt.