Wéi nohalteg ass de Lëtzebuerger Kompensatiounsfong?

Den nationale Kompensatiounsfong – de Fonds de compensation (FDC) – soll duerch Investissementer de Rendement vun de Pensiounsreserve maximiséieren.
Schonn zanter 15 Joer setzt den FDC verstäerkt op nohalteg Investissementer a schléisst gewëssen Entreprisen a sengem Portefeuille aus. Entreprisen, déi zum Beispill Mënscherechter verletzen oder der Ëmwelt schiedegen. Greenpeace Lëtzebuerg huet e Mëttwoch op enger Pressekonferenz awer kritiséiert, datt dës Efforten net wäit genuch géinge goen.
Mat senger aktueller Investitiounsstrategie a sengem aktuelle Portfolio wier den FDC nämlech net um richtege Wee fir d'Ziler vum Paräisser Klima-Ofkommes ze erreechen. Dat ass op jidder Fall d'Konklusioun vun enger externer Berodungsfirma, déi Greenpeace Lëtzebuerg beoptraagt huet, z'ënnersichen, ewéi ekologesch oder net d'Investissementer vum FDC wieren.
D'Nohaltegkeetskrittäre vum Fong wieren net ambitiéis genuch. Entreprisen, déi a klimaschiedleche Secteuren ënnerwee sinn, misste méi konsequent vun Investitiounen ausgeschloss ginn. D'lescht Joer wieren ënnert anerem 1,3 Milliarden Euro vum Fong an d’Kuel-, Ueleg- a Gas-Industrie gefloss, dovunner 174 Milliounen Euro a grouss Kuel-Entreprisen, esou d'Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg: "Diese Firmen, diese 174 Millionen, die der Fonds in Kohleunternehmen investiert, sind de facto Gelder, die uns auf den weiteren Weg zu einer 2 oder 3 Grad wärmeren Welt führen."
Mat engem 30 Milliarden Euro schwéiere Fong kéint ee vill erreechen. Dofir ass et den Appell vu Greenpeace Lëtzebuerg, fir mat den ëffentleche Gelder vum Kompensatiounsfong déi richteg Jalone fir d’Klima-Transitioun ze setzen: "Unser Appell geht wirklich an den FDC, an die politisch Verantwortlichen, die Investitionen des FDC an den Zielen des Pariser Klimaschutzabkommens zu orientieren, anzupassen, und unverzüglich aus den Klimaschädlichen Investitionen auszusteigen."
D’Käschte fir d’ekologesch Transitioun wiere méi niddreg wéi déi fir d’Reparatioun vun den ëmmer méi heefege Klima-Katastrophen, déi op Dauer net méi vun de Versécherungsentreprise ze stemme wieren, esou Greenpeace Lëtzebuerg. D’Ëmweltorganisatioun preziséiert dann och, datt nohalteg Investissementer ëmmer méi profitabel Retoure géife bréngen. Dat hätte Beispiller aus dem Ausland gewisen.