De 6. August 1945 ass een Dag, deen an d'Geschicht agaangen ass. Haut viru genee 80 Joer gouf fir d' éischte Kéier eng Atombomm an engem Krich agesat.

D'Amerikaner hunn deemools déi japanesch Stad Hiroshima ugegraff. Dräi Deeg drop gouf eng zweet Atombomm op Nagasaki geheit. Knapp ee Mount méi spéit huet déi japanesch Arméi kapituléiert an den Zweete Weltkrich war eriwwer. Um Mëttwoch gouf zu Wolz un d'Bombardementer vun deenen zwou Stied erënnert.

Bis zu 13 Kilometer war de sougenannten Atompilz vun Hiroshima héich, tëscht 70.000 an 80.000 Mënsche waren direkt dout, ongeféier genee esouvill Haiser, ronn 80 Prozent vun der Stad, goufen zerstéiert respektiv beschiedegt. Eng Explosioun wéi déi vum Little Boy, wéi d'Amerikaner d'Bomm genannt hunn, hat déi breet Ëffentlechkeet bis dohin nach net gesinn. Wéi vill Leit duerch d'Explosiounen zu Hiroshima an Nagasaki an déi radioaktiv Stralung gestuerwe sinn, ass schwéier soen, mee et dierften der wäit iwwer 200.000 sinn.

Um Mëttwoch gouf beim Streikdenkmal zu Wolz, der Lëtzebuerger Cité martyre, un d'Bombardementer vun deenen zwou japanesche Stied erënnert. Dat virun allem, well och Wolz am Zweete Weltkrich massiv getraff gouf.

Carole Weigel (Wëlzer Buergermeeschtesch):
"D’Bevëlkerung hei zu Wolz am Norden huet duerch d’Ardennenoffensiv ganz vill gelidden, duerch de Krich eben. Et si ganz vill Gebaier zerstéiert ginn. Dat ass eng ganz Envergure, et ass lo net ze vergläiche mat deem, wat deemools duerch d’Atomugrëffer do geschitt ass, mee ech mengen duerch déi Situatioun, wéi d’Wëlzer Leit se deemools am Krich materlieft hunn, kann ee scho matfillen, wat deemools a Japan geschitt ass."

Wolz war 1989 och déi éischte Lëtzebuerger Gemeng, déi der Initiativ “Mayors for Peace” Bäigetrueden ass. 1982 hat den deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima dës an d'Liewe geruff. Mëttlerweil si méi wéi 8.500 Stied a Gemenge queesch uechter d'Welt Deel vun der Initiativ, dorënner 64 vun den 100 Lëtzebuerger Gemengen. An dës erliewen och, awer net nëmmen, duerch den Accueil vu Flüchtlingen, datt et och haut nach Kricher an der Welt an Europa gëtt.

Emile Eicher (Syvicol-President):
"Dat bedeit jo net nëmmen, datt Leit hei hinner geflücht sinn, mee dat bedeit jo och, datt mir mat eise Partnergemengen, an där gëtt et der ëmmer méi an der Ukrain, och probéieren ze hëllefen. Et sinn e puer Gemengen hei am Land, ech denken zum Beispill u Stroossen, déi ganz aktiv Programmer mécht och mat Gemengen do hannen, fir och drun ze denken, nom Krich kënnt eng Kéier een Opbau an dat muss ee lo scho plangen. Et muss ee lo scho Moyene virgesinn, plangen an och deene Leit eng Hand upaken, fir den Opbau ze maachen, fir datt déi Leit, déi lo bei eis déi Zäit mussen iwwerbrécken, och rëm eng Chance hu fir kënnen heem ze goen."

D’Kanner vun den dräi Wëlzer Grondschoulen hu sech am Virfeld vun der Commemoratioun mat Thema Fridden auserneegesat. Um globale Plang gesäit et do, och mat Bléck op d’Atomwaffen, aktuell net gutt aus.

Raymond Becker (Matbegrënner Friddens- a Solidaritéitsplattform):
"Et gëtt haut am Fong keng Verträg méi, déi u sech ganz seriö agehale ginn, wou et ëm d’Reduktioun oder iergendeppes, wat Atomwaffen ubelaangt, Geforen ze limitéieren, geet. Déi ginn net méi agehalen, se ginn ausgesat. Mir musse sou séier wéi méiglech rëm dohin zeréck, datt mer déi Verhandlunge rëm ophuelen. An dofir hu mer jo awer Méiglechkeeten, déi kënne mer iwwert den Netverbreedungsvertrag maachen, deen et jo nach ëmmer gëtt, deen och seet, mir mussen Atomwaffen ofbauen, oder mir kënnen et och maachen, andeems mer bei de Vereenten Natiounen dem Atomwaffeverbuedsvertrag bäitrieden.”

Als Zeeche vun der Hoffnung op eng friddlech Zukunft gouf a Presenz vum japaneschen Ambassadeur beim Streikdenkmal um Enn vun der Zeremonie ee japanesche Ginko-Baam geplanzt.