Vill Sonn, waarm an dréchen: De Summer huet haut de Wee zeréck op Lëtzebuerg fonnt.

Déi lescht zwou, dräi Woche war d'Wieder jo éischter duerchwuess. De ville Reen huet awer deenen an d'Kaarte gespillt, déi sech déi lescht Joren dacks iwwer d'Dréchent beklot hunn: de Wënzer.

Dëse Summer muss de Josy Gloden, President Domaines Vinsmoselle, net kloen, dass et fir de Wäibau eigentlech kee gutt Wieder war.
 
"Déi éischt Drauwen am Pinot Noir gi scho mëll. Si ginn eriwwer an de Wäin. Et gesäit een d‘Verfierwung."
 
De ville Reen déi lescht dräi Woche koum op d'mannst fir d'Wënzer genee richteg. Josy Gloden: "Et huet eis an d'Kaarte gespillt. Fir eis Wënzer war dat Joer bis elo ganz gutt. Mir haten net ewéi an anere Jore Frascht. Et huet reegelméisseg an heiansdo och vill gereent. A mir hate keng schlëmm Wiedere mat Knëppelsteng. An anere Wäiregioune war dat ganz schlëmm. Mir bloufe verschount."
 
Bis elo: Och de Privatwënzer Ben Schram weess, dass Knëppelsteng elo hien en Deel vu senger Lies kéint kaschten. Am Beruff léiert een awer séier, dass een d'Meteo muss huelen, wéi se kënnt, dass ee keen Afloss huet. Ben Schram: "Fir eis wär et elo optimal fir d'Pinot-Zorten, déi jo méi fréi dru sinn, wann et net méi reent. Bis d'Lies brauchen déi kee Waasser méi. Fir de Riesling kéint et duerno och nach eng Kéier reenen, dat wär net schlëmm. Fir de Rescht wär et perfekt, wann et just nach sonneg bleift."

 
Dëst Joer huet et also genuch gereent. Ënnert de Wënzer zweiwelt awer keen drun, dass et och zu Lëtzebuerg ëmmer méi waarm gëtt. Si probéieren, dat zu hire Gonschten ze notzen. De jonke Privatwënzer Ben Schram huet viru véier Joer Merlot geplanzt: "Et ass eng schéin Drauf. Fir eis gëtt et elo déi éischt Recolte. Mir probéiere reng mam Merlot e Rouden ze maachen. Et ass jo éischter eng Zort aus dem Süden. D'Summere gi jo awer och hei méi waarm. Dofir kann een och hei Richtung Rout denken."
 
Dat mécht ee bei der Kooperativ och, erkläert de President Josy Gloden: "Mir hunn ënnert anerem schonn Zweigelt a Merlot stoen. Nieft eisem traditionelle Pinot Noir. Mir brauchen dat fir eise Beräich vum Assemblage. Da maache mir eng rout Cuvée. Dofir schaffe mir och scho mat deenen Zorten.“
 
Wéinst den héijen Temperaturen, déi elo gemellt si, rechent ee mat enger fréier Lies. Eventuell scho vum 10. September un. Mam Rescht-Risiko vu staarke Wiederen. Mee bis elo: alles gréng op der Musel.