E Mëttwochowend ass et op der Leidelenger Gare zu engem Asaz vun de Rettungsdéngschter komm.

D'Police hat nach den Owend selwer confirméiert, dass géint 19.15 Auer eng Persoun vun engem Zuch erfaasst gouf. En Donneschdegmoien huet d'Police da matgedeelt, dass d'Rettungsdéngschter op der Plaz just nach den Doud vum Mann konnte feststellen.