Um Kierchbierg an zu Bieles
Et gouf nees a Gefierer agebrach

© RTL
Wéi d'Police mellt, gouf e Mëttwochowend respektiv an der Nuecht op en Donneschdeg nees a Gefierer agebrach.
Eng Kéier war dat e Mëttwochowend an der Rue Alphonse Weicker um Kierchbierg de Fall. Hei hunn Onbekannter Saachen aus engem geparkten Auto geklaut.
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf et dann e puer Abréch a Gefierer, déi an der Rue de L'Usine zu Bieles geparkt waren. D'Gefierer goufen duerchwullt, ob eppes geklaut gouf, geet aus dem Policebulletin net ervir.
D'Police huet an alle Fäll Enquêten an d'Weeër geleet.
Am meeschte gelies