Nodeems e Chauffer, deen ze vill gedronk hat, sech bei enger Kontroll donieft beholl huet, hunn d'Beamten decidéiert, de Mann mat an den Arrest ze huelen.

E Mëttwoch den Owend war enger Patrull an der Stad en Auto wéinst sengem opfällege Fuerstil opgefall. Bei der Kontroll hunn d'Beamten direkt gemierkt, datt de Chauffer wuel ze vill gedronk hat. Well de Mann den Alkoholtest refuséiert huet an net kooperativ war, huet hien de Fürerschäi missen ofginn a koum an den Arrest, fir rëm niichter ze ginn.