Accident tëscht zwee Autoen an en ëmgekippte Camion
De CGDIS mellt zwee Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen

© RTL
Am Laf vum Donneschdegmoie waren d'Ekippe vum CGDIS zwee Mol wéinst Accidenter am Trafic am Asaz.
Dat eng Kéier, wéi sech kuerz no 8 Auer um CR185 tëscht Uewersyren a Beyren zwee Autoen ze pake kruten. D'Ambulanciere vun Nidderaanwen an d'Pompjeeë vu Mäertert waren hei op der Plaz.
Géint 9.50 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi an der Rue Gadderscheier zu Suessem e Camion ëmgekippt ass. D'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng goufen an den Asaz geruff.
Am meeschte gelies