Wann ee laanscht d'Bongerten trëppele geet, gesäit een ëmmer rëm um Buedem Äppel a Biere leien, déi scho faul sinn. Kiloweis Uebst gëtt esou verbëtzt.

Grad wann een d'Präisser vu frëschem Uebst a Geméis an de Supermarchéë kuckt, ass et schued, d'Uebst an de Lëtzebuerger Bongerten hänke respektiv faulen ze loossen. Einfach zerwéieren dierf ee sech un de Beem awer net, wann de Bam net am eegene Gaart steet. Äppel, Bieren a Co einfach vun engem Bam plécken ass verbueden a gëllt als Déifstall. Geet ee richteg wäit, kann een dofir souguer eng Geldstrof respektiv eng Prisongsstrof kréien.

Fir keng Bëtz ze maachen, gouf de Projet "Gielt Band: Hei ass plécken erlaabt" am Kader vun Antigaspi vum Landwirtschaftsministère scho viru puer Joer an d'Liewe geruff. An awer sinn nach eng ganz Partie Leit net doriwwer informéiert.

De Prinzip ass ganz einfach: Wann een e Bam gesäit mat engem giele Bändchen drun, wéi hei op der Foto, dann dierf ee sech zerwéieren ouni de Proprietär extra mussen ze froen. Domat wëll een aktiv géint d'Liewensmëttelverschwendung virgoen. D'Uebst kann een duerno verschaffe wéi ee wëll, zum Beispill an enger gudder Äppeltaart, Kompott oder Quetschegebeess.

RTL

© RTL

Dës Aktioun ass net nëmme fir Bongerte vun de Gemengen oder Baueren, jidderee kann dës giel Bännercher bestellen a säin Uebst der Ëffentlechkeet zur Verfügung stellen.

E puer Reegele ginn et awer fir d'Proprietäre vun de Beem:

  • De Bam muss fräi zougänglech sinn. Et dierf keen Zonk oder eng Mauer ronderëm sinn, iwwert déi ee klamme misst.
  • De Bam dierf net op enger Wiss stoen, wou och Notzdéiere gehale ginn.
  • All Bam muss mat engem Bändche gekennzeechent sinn.

A wa mir scho bei de Reegele sinn, där ginn et natierlech och fir déi Leit, déi gären Uebst plécke wëllen:

  • Et dierf nëmme vun deene Beem gepléckt ginn, déi e gielt Bändchen hunn.
  • Et dierf een net op d'Beem klammen oder eng Leeder notzen.
  • Et dierfe keng Zoufaarte blockéiert ginn.
  • De Bam dierf net beschiedegt ginn.
  • D'Uebst dierf just privat genotzt ginn, also net verkaf ginn. 

Dës weidere soll een och just esou vill plécke wéi ee selwer brauch, fir dass anerer och plécke kënnen an d'Uebst net herno doheem an der Poubelle lant. Soss ass d'Zil vum Antigaspi verfeelt.

Also wann Dir an nächster Zäit spadséiere gitt a Friichten um Bam hänke gesitt zesumme mam "Pléck mech"-Bändchen, dann zerwéiert Iech. Et kann een awer och bewosst selwer plécke goen. Op enger interaktiver Kaart vum Landwirtschaftsministère gesäit een, a wéi enge Gemengen ee wéi een Uebst plécke kann.

RTL

© Screenshot Antigaspi.lu