An e puer Deeg ass et esouwäit: De Groussherzog Henri leet d’Verantwortung fir d’Land an d’Hänn vu sengem eelste Bouf, dem Prënz Guillaume.

Bis dohin huet de Grand-Duc nach villes wëlles. En Dënschdegmoie war hie fir seng lescht offiziell Visitt a senger Funktioun als Grand-Duc bei der Police um Findel. Ronderëm d‘Auer sinn d‘Beamten am Asaz, fir d‘Sécherheet vun der Groussherzoglecher Famill ze garantéieren. Virun allem dëse Weekend, am Kader vum Trounwiessel, ass d’Police mat engem besonnesch staarken Dispositif opgestallt a spillt eng zentral Roll fir d'Sécherheet.

De Grand-Duch Henri op Visitt bei der Police
Wärend der Visitt huet een dann och e Bléck op de Sécherheetsdispositif beim Trounwiessel gehäit.

Schéi riicht an enger Rei stoungen d‘Motorrieder vun der Police, wéi de Grand-Duc fir seng lescht offiziell Sortie beim Policebüro um Findel ukomm ass. Virum Gebai hunn dann och nach Representanten aus 20 verschiddene Servicer vun der Police, dorënner vun der Spezialunitéit, der Hondsstaffel a vum Service Palais gewaart. Fir dem Grand-Duc Merci ze soen, goufen e puer Riede gehalen an e Cadeau iwwerreecht, en Helm vun der Gendarmerie aus der Zäit vum Napoleon. De Grand-Duc huet sech bei där Geleeënheet an d'gëllent Buch vun der Police ageschriwwen an et gouf och eng Gedenkminutt fir verstuerwe Polizisten.

Bis zum Trounwiessel sinn et just nach dräi Deeg. Fir op deem Dag sou adequat wéi méiglech opgestallt ze sinn an d'Sécherheet vun der groussherzoglecher Famill, de Gäscht an de Visiteuren ze garantéieren, ass d'Police schonn zanter Méint amgaangen, ze plangen. Den Hervé Schoettert, stellvertriedenden Direkter vun den Operatiounen erkläert:

"De Samschdeg stellt eis virun d‘Erausfuerderung, dass et e Multi-Site-Evenement ass. Ech mengen den Dispositiv ass... nieft der Sécherheet vun den Invitéeën, ass de Crowd-Management an d‘Gestion des foules de gréissten Challenge, dee mir hunn. Aus dësem Grond hu mir souwuel um Glacis, op där enger Säit vun der Bréck, wéi och um Kierchbierg op där anerer Säit vun der Bréck en adequate Service d‘ordre an Uniform opgestallt, fir kënne gegeebenenfalls z‘intervenéieren."

Doriwwer eraus recommandéiert d‘Police, kee Bagage onbeopsiichtegt stoen ze loossen, fir eng onnéideg Interventioun ze vermeiden an ënnersträicht, dass op de jeeweilege Sitten, wou de Grand-Duc seng Visitte mécht, et verbuede wäert sinn, mat der Dronen ze fléien.

De Samschdeg, wann um Glacis de Programm vun de Festivitéite fir den Trounwiessel ufänkt, bitt d’Plaz eng Capacitéit fir ronn 30.000 Leit. De CGDIS geet dovun aus, dass och ongeféier esou vill Leit op der Plaz a ronderëm, wäerte sinn, wéi de Paul Hack, Chef de Zone Centre erkläert:

"Do si mir effektiv méi grouss opgestallt. Do hu mir eng Ronn 90 Leit, déi zousätzlech zu den Ekippen, déi am CIS Lëtzebuerg hei schaffe kommen an do hu mir d‘Particularitéit, dass d‘Rout Bréck jo gespaart ass. Dat heescht, mir kommen net esou gutt un een Deel vun der Stad an deementspriechend hu mir dann zousätzlech Gefierer souwuel um Lampertsbierg, wéi och am Rollengergronn stationéiert, och zousätzlech Ambulanzen, sou dass mir och deen Deel vun der Stad gutt ofgedeckt kréien."

De Grand-Duc Henri op Visitt bei der Police a beim CGDIS / Chris Meisch

Fir d’Visiteuren ass och am medezinesche Beräich virgesuergt: Op der Place Clairefontaine steet e Poste de secours bereet, wou kleng Blessuren direkt kënne behandelt ginn. Bei méi schwéieren Accidenter ass e Poste médical avancé um Lampertsbierg mat Dokter an Infirmier am Asaz. An engem Noutfall kann ee wéi gewinnt den 112 uruffen oder, wann eng mobil Ekipp grad an der Géigend ënnerwee ass, dës direkt uschwätzen.