"De Sozialdialog erëmbeliewen, elo!"

© Helder Loureiro Alves da Silva / RTL
Ouni d'LSAP an der Regierung géing de Sozialdialog mat Féiss getrëppelt ginn, fannen d'Deputéiert vun der Oppositiounspartei.
D’Regierung soll e grousse Schrëtt a Richtung Gewerkschafte maachen, fir de Sozialdialog erëmzebeliewen. Dat huet d’LSAP-Fraktioun en Dënschdeg op enger Pressekonferenz gefuerdert. Och wann d’CSV an d’DP bei hire Pläng a Saache Kollektivverträg, Renten, Sonndesaarbecht an Ouvertureszäiten ganz oder deels zeréckgeruddert hunn, géing et keng Verbesserunge fir d’Leit ginn, esou déi gréisst Oppositiounspartei
D’LSAP war selwer 20 Joer um Stéck bis 2023 an der Regierung. Virum "Koup Schierbelen", deen d’CSV an DP an de knappen 2 Joren un der Spëtz hannerlooss hätten, fillt se sech bestätegt. Et géing ee gesinn, wat et bedeit, wann d’LSAP net an der Regierung ass: de Sozialdialog géing mat Féiss getrëppelt ginn, Kollektivverträg a Fro gestallt ginn an "déi sozial Stäerkt" allgemeng verluer goen, esou d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding.
An hiren Ae wier de Sozialdialog méiglech, wann ee richteg nolauschtert an net scho virdru vun Uewen erof decidéiert huet. Amplaz seng Pläng duerno ze verwässeren, well Drock op der Strooss war. D’Taina Bofferding an hir Parteikolleegen an Deputéiert Georges Engel a Mars Di Bartolomeo hu besonnesch dem Premier Luc Frieden säi Stil kritiséiert, mee och dem CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo säin. De fréiere Gesondheets- a Sozialminister Di Bartolomeo sot, datt wann een "dem Chef vun der Regierung esou dacks an d’Zopp géing späizen, ewéi dat geschitt ass, da wéisst ech, wat ech ze maachen hätt."
D’LSAP Députéiert hunn d’Proposen, déi d’Regierung no de Sozialronnen zeréckbehalen huet ,als "Enttäuschung" bezeechent, esouwuel fir d’Patronen ewéi d’Salariéen a Rentner. De Mars di Bartolomeo huet d’Verlängerung vun 8 Méint fir Leit, déi mat 60 an d’Fréirent wëllen, ewéi d’lescht Woch schonn hei op RTL als "Zwang" bezeechent an drop higewisen, datt de legale Rentenalter bei 65 ze halen keng nei Mesure wier. Genee esou wéineg ewéi aner Mesuren, déi schonn a senger Reform vun 2012 virgesi waren.
De viregten Aarbechtsminister Georges Engel huet sengersäits ënnert anerem proposéiert, datt Betriber e Kollektivvertrag missten hunn, fir kënne staatlech Hëllef ze kréien oder bei Ausschreiwunge matzemaachen. Esou a mat sektorielle Kollektivverträg, kéint een dofir suergen, datt et méi Kollektivverträg ginn.
Bei de schwieregen Diskussiounen iwwert d’Gesondheetskees CNS oder nach d’Gespréicher iwwert d’Aarbechtszäitorganisatioun wënscht sech d’LSAP méi Fangerspëtzegefill vun der Regierung.