D'Adrenalin beschwéiert sech iwwer d'Alphabetiséierung op Franséisch. 

An den Ae vun der Jugendsektioun vun der ADR géif de Projet ALPHA keng Integratioun bréngen, mä eng Spléckung vun der Gesellschaft. D'Opléisung vun der Lëtzebuerger Sprooch, der Kultur an der Traditioun géif acceleréiert ginn.

Den Educatiounsminister Claude Meisch gëtt an engem Communiqué opgefuerdert, de Projet ze stoppen.