Lescht Wierder, keng Regreten an eng Defense, déi mat enger Plainte géint d'Affer dreet.

E Restaurateur a seng Fra sinn um Stater Geriicht wéinst Mënschenhandel a Kierperverletzung ugeklot, dat am Zäitraum vun 2016 bis 2021. Den Ugekloten huet en Dënschdeg seng Ofschlosswieder geschwat, an déi stoungen am staarke Kontrast mat de Fuerderunge vun der Nieweklo an dem Parquet.
 
"Ech sinn um Wee vum Fridden", erkläert den ugeklote Restaurantchef, an: "Wie gesäit mäi Leed ? (…) hunn ech net och d’Recht, a Fräiheet ze liewen?". De Riichter freet, ob do nach e Wuert vu Regret vis-à-vis vu senge fréiere Mataarbechter an deenen hirer Situatioun kënnt, mee dat war net de Fall.

Esou e flagrante Fall vu Mënschenhandel hätt d’Geriicht wuel nach net gesinn, fänkt d’Nieweklo, d’Me Sadler, hire Plädoyer un. Si vertrëtt fënnef vun de sechs Affer. Hei wier d’Würd vun de Mataarbechter mat Féiss getrëppelt ginn, si hätte schwéier Gewalt an Damiddegungen erlidden, esou wéi och ekonomeschen an deels bleiwend kierperlech Schied.

D’Affer fuerdere Schuedenersatz, net nëmme fir d’Paien, déi se zu engem groussen Deel nees boer un de fréiere Chef hätten zeréck gi mussen, mee och wéinst kierperlechen a psychesche Schied. D’Montante leie cumuléiert bei e puer Honnertdausend Euro,   woubäi verschidde Fuerderungen nach net chiffréiert sinn, well d’Partie civile hei fuerdert, dass Experten dat maachen.

D’Nieweklo liwwert och Erklärungsusäz, firwat d’Affer dat esou laang matgemaach hätten. Engersäits wier dat en typescht Verhale vun Affer, anersäits wier do de kulturellen Hannergrond, an e Kastesystem, deen ëmmer nach d’gesellschaftlecht Liewen am Nepal präge géing.
 
Parquet : op d'mannst 10 Joer feste Prisong

Fir de Parquet ass de Reproche vum Mënschenhandel erfëllt, den Ugekloten Här R. hätt déi schwaach Positioun vun de Mataarbechter ausgenotzt, dobäi kéimen illegal Aarbechtszäiten, Gewalt, Aufgaben déi net am Aarbechtskontrakt stoungen, an eng "lächerlech" Paie. Et hätt ëmmer Aarbecht ginn, "et fënnt een ëmmer eng Aufgab". De Parquet schwätzt an deem Kader vu Schikanen, et hätt kee gereegelten Dagesoflaf ginn.

Och wann et géif klénge wéi en "Horrormärchen", hätt den Här R eng total Kontroll iwwer d’Affer gehat.
Den Narrativ vun engem Komplott géint den Ugeklote léisst de Parquet net gëllen. Do géifen e puer Punkten dogéint schwätzen, notamment kéint d’Geriicht novollzéien, dass d’Affer zanter 2015 e groussen Deel vun hirer Paie un de Chef hate mussen zeréckbezuelen. Dat wier Erpressung.

Fir den ugeklote Mann fuerdert de Parquet 10 Joer feste Prisong, attenuant Elementer géif et hei net, well den Här R. näischt bedauert hätt. Dobäi eng Geldstrof vun op mannst 100.000 Euro.

D’Fra wier Kompliz, och wann si selwer d’Mataarbechter net maltraitéiert huet, hätt si indirekt vun der Ausbeutung profitéiert. Si wier engersäits Koproprietärin vum Restaurant gewiescht, anersäits hätt si sech net ëm den Haushalt an hier Kanner këmmere missen, well dat eng vun de Mataarbechterinnen hat musse maachen. Hei freet de Parquet fënnef Joer Prisong, eventuell mat Sursis, an eng Geldstrof.
 
Defense annoncéiert Plainte géint Affer

D’Defense bestreit d’Reprochen, an ënnerstellt den Affer schlechte Wëllen, well déi hätten op verschiddene Punkte gelunn. Et hätt keng "Horrorambiance" ginn, dat féiert de Me Kreutz op 25 Säiten aus. An de leschte Minutten annoncéiert den Affekot eng Plainte géint d’Affer wéinst Falsch-Ausso ënnert Eed.

Notamment wier et fir d’Defense onméiglech, en Aarbechtsvisum fir Lëtzebuerg ze kréien, wann een net virun der Arrivée ewell en Aarbechtskontrakt hätt, an och am Nepal misst een en iwwersate Kontrakt beim Aarbechtsministère areechen. D’Mataarbechter hätten den Ugekloten a säi Papp aktiv no Aarbecht gefrot, domat kéint een net vu Rekrutement am Nepal schwätzen. Donieft wier d’Behaaptunge vum Retour vun der Paie "absurd".

Net stëmme géif och, dass d’Affer wéi behaapt eng siwe Stonnen den Dag de Restaurant gebotzt hätten - schliisslech wier d’Propretéit vum Restaurant no der Astellung vun de Mataarbechter erofgaangen. Grad esou wéineg wier méiglech, dass si op dem Fermetures-Dag fir de Restaurant hätte missen akafe goen, well dat meescht geliwwert gi wier.

Sollt de Me Kreutz d’Plainte géint d’Affer formell deposéieren, géif de Prozess héchstwarscheinlech ënnerbrach ginn.