D’Beschäftegung zu Lëtzebuerg ass am zweeten Trimester 2025 liicht geklommen, dat verglach mat den éischte Méint vum Joer a mam selwechten Trimester 2024.

Den neiste Statistike vum Statec no ass d’Zuel vun de Salariéen ëm 0,2 % am Verglach zum éischte Trimester gewuess, an iwwer 12 Méint gesi läit de Plus bei 0,9 Prozent.

Besonnesch d’Verwaltung an aner ëffentlech Déngschtleeschtungen hu positiv zur Entwécklung bäigedroen, mat engem Wuesstem vun 0,9 % am Trimester- an 3,8 % am Joresverglach.

RTL

Am Géigendeel dozou hunn d’Baubranche an den Informatiouns- a Kommunikatiounssecteur op ee Joer gekuckt e bedeitende Réckgang verzeechent: -2,6 Prozent. Am Detail sinn 677 Aarbechtsplazen am Bausecteur verluer gaangen a 539 Plaze bei der Gestioun vun IT-Infrastrukturen.

Wat d’Zuel vun den Aarbechter ugeet, ass de Wuesstem bei de Residenten (+0,3 %) liicht méi héich wéi bei de Frontalieren (+0,2 %). Bemierkenswäert ass och de Réckgang bei de Frontalieren aus Däitschland (-0,7 %) an der Belsch (-0,3 %) am Verglach zum selwechte Quartal vum Joer virdrun.

RTL