Den 23. November gëtt et an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer e Referendum iwwer d'Nordstad-Fusioun.

D'Bierger gi gefrot, ob si d'Decisioun vum Gemengerot ënnerstëtzen, mat de Sondéierungsgespréicher fir eng eventuell Nordstad-Fusioun weiderzefueren.

Enn Oktober gëtt en Depliant mat den néidegen Informatioune verschéckt, kruten d'Leit aus der Gemeng en Dënschdeg matgedeelt. D'Participatioun ass obligatoresch fir Lëtzebuerger an Auslänner, déi sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn.

Leit, déi am Ausland sinn an d'Bréifwal wëllen ufroen, mussen dat bis de 14. Oktober gemaach hunn. De Stéchdatum fir d'Persounen, déi hei am Land wunne a per Bréif wëllen ofstëmmen, ass den 29. Oktober.