De Politiker ass viru knapp engem Joer fir de Fernand Kartheiser an d'Chamber nogeréckelt. Wat si Prioritéiten a wéi huet hien dat éischt Joer erlieft?

Fir den Interview huet sech den ADR-Deputéierten Dan Hardy eng Plaz ausgesicht, déi him besonnesch um Häerz läit: de Kuerbebierg. Eng Plaz an der Natur, matten an der Stad Lëtzebuerg.

Zanter engem knappe Joer ass den Dan Hardy an der Chamber.

“Ech spiere mech elo eigentlech richteg gutt do. Ech maachen deen Job och gär, och wann en net ëmmer einfach ass.“

Hien huet awer och kloer gesot kritt, dass et géif Zäit brauchen, bis een an der Chamber géif richteg ukommen:

“De Gast Gibéryen sot mer ëmmer, wann s de eng Kéier an d'Chamber kënns, wonner dech net, du brauchs bal e Joer, bis de do ukënns.“

Partei géif "Fanger an d’Wonn leen"

Den Dan Hardy ass iwwerzeegt, dass seng Partei, d'ADR, eng wichteg Funktioun an der Chamber huet.

“Duerch meng Partei, dat ass och meng Iwwerzeegung, ass d'Demokratie méi staark, dat ass wierklech esou, an och mir sti jo och fir d'Meenungsfräiheet.“

Hie bedauert, datt kritesch Positiounen net ëmmer géifen déi néideg Ënnerstëtzung kréien. Als Beispill nennt hien d’Aarbecht vun der Chamber am Kader vun der Caritas-Affär:

“Mir brauchen eng Enquêtëkommissioun. [...] Elo hu mir e Rapport do vun där Spezialkommissioun, wou am Fong net vill méi gewosst ass, wat souwisou gewosst ass.“

Och an der Covid-Zäit hätt d’ADR eng wichteg Oppositiounsroll gespillt, esou de Familljepapp:

“Dir wësst, mir waren déi eenzeg Partei, déi do wierklech dacks de Fanger an d'Wonn geluecht huet, [...] an och ëmmer erëm gesot hunn, déi Impfung muss absolutt fräiwëlleg sinn.“

"Et gëtt soss keng Partei an der Chamber, déi fir déi Wäerter steet"

Och wann hien net all déi Dossieren huet, déi hien sech am léifste gewënscht hätt, versicht hien, seng Wäerter ze vertrieden.

“Ech sinn eigentlech en Teamplayer. Ech kann Iech soen, dass ech zum Beispill ganz frou gewiescht wär, wann ech d'Ëmwelt kritt hätt.“

Mee och an anere Ressorte wéilt hien Impulser setzen.

“Wat mir elo wichteg ass, wierklech perséinlech, ass eeben och déi aner Meenung an der Chamber ëmmer ze vertrieden.“

Déi Wäerter si fir hie kloer: “Houfreg sinn op déi eege kleng Sprooch, déi eege kleng Kultur héichhalen, d'Wäertschätzung vun der Famill, all déi Saachen.“

Dobäi gesäit hien seng Partei eleng op dëser Linn: “Et gëtt soss keng Partei an der Chamber, déi fir déi Wäerter steet.“

"Mir si mëttlerweil véiertstäerkste Partei"

An der Chamber gesäit den Hardy ëmmer méi eng kloer Front: “Elo ass d'Situatioun jo an der Chamber esou, dass der e Lénksblock hutt, dat si véier Parteien, dat ass déi Lénk, d'Piraten, d'LSAP an déi Gréng. Mir fillen eis dowéinst och ëmmer méi als eenzeg richteg Oppositiounspartei.“

D’ADR wier mëttlerweil véiertstäerkste Partei. Bei de leschte Wale war ee virun Déi Gréng.

Russland, NATO a Fridden

Op d’Positioun zur Russland-Politik vum Fernand Kartheiser ugeschwat, äntwert de fréieren RTL-Journalist: “De Fernand Kartheiser ass e laangjäregen Diplomat op ganz héijem Niveau.“

Hien hätt d’Mënscherechter zu Moskau ugeschwat a wollt mat senger Rees eng Friddensinitiativ erméiglechen.

Méi kritesch gesäit hien de Roll vum US-President Donald Trump: “Mir hunn elo en US-President, deen elo zwee Atom-U-Booter un d'russesch Grenze geschéckt huet. An dat geet monter weider. Dat ass Ueleg op d'Feier schëdden.“

D’NATO-Ziler, déi een zu Den Haag gesat huet, ginn dem Deputéierten aus dem Süden ze wäit.

D’Situatioun géif ëmmer méi eskaléieren.

"Ech sinn e Familljemënsch"

Den Dan Hardy wier e Familljemënsch. Hien huet véier Kanner, geet gär ënner d’Leit an huet eng Passioun fir Naturvëlker.

“Dat ass och e gewëssen Hobby vu mir, fir mech fir déi indigene Kulturen ze interesséieren, hir Heelplanzen an esou weider.“

An och do gesäit hien eng Parallel zu der ADR: “Si soen och dräi Saachen: déi eege kleng Sprooch erhalen, kleng Kultur erhalen an eeben d'Wäertschätzung vun der Famill.“

RTL

© Pierre Weimerskirch

Kloer Pläng fir d’Zukunft

D’Mandat an der Chamber wëll den 53 Joer ale Politiker op en Enn féieren a wéilt och gär duerno an der Chamber bleiwen.

Den Job géif him Spaass maachen. Grouss politesch Ambitiounen an der Partei huet de Vize-President vum ADR net: "Ech wëll elo net Fraktiounspresident ginn. Dat mécht de Fred Keup ganz gutt."