Lëtzebuerger investéiere méi

© AFP
Den Trend zum Invest spiert een och hei am Land. Angscht virun der Online-Konkurrenz hunn d'Lëtzebuerger Banken awer net.
Privat Investissementer a Fongen, Aktien oder Crypto ginn ëmmer méi populär. Marchésanalyse soen e Wuesstem vu bis zu 20 Prozent d’Joer viraus fir esou Appen, wou ee seng Investissementer kann onkomplizéiert online maachen.
D’Ursaache fir de Boom vum digitalen Invest sinn ënnerschiddlech: D’Leit hu méi Accès op Smartphone an Internet, den Intressi bei jonke Generatiounen u finanzieller Onofhängegkeet ass däitlech méi grouss, Informatiounen iwwert d’Thema si relativ einfach accessibel an iwwert vill Plattforme kann de User ouni Kommissioun investéieren.
Dobäi kommen niddreg Zënsen, an e Spuerbuch, wat doduerch u Kafkraaft verléiert. De Finanzexpert Claude Arendt erkläert: "Mir sinn aus enger Period erauskomm, wou d''Zënsen Null waren, dat heescht wann ee bësse Suen op der Säit hat, deen eenzege Moyen, fir eppes fir déi Suen ze kréien, waren d'Finanzmarchéen, also dat wat ee Capital Markets nennt, ob dat elo Obligatioune sinn, ob dat Fonge sinn oder ob dat eenzel Aktie sinn. Dat war deemools an zum Deel elo jo nach déi eenzeg Méiglechkeet, fir en anstännege Rendement op senge Suen ze kréien oder wéinstens Inflatiounen auszegläichen."
Nieft de privaten Appe bidden och d’Banken een Investitiounsplang fir Privatleit un, an och wann ee keng global Zuelen zu der Offer an Demande hei am Land huet, mierken d’Banken, dass d’Investitiounsverhale sech zu Lëtzebuerg verännert hätt, a méi a Wäertpabeieren investéiert géif, seet de Claude Hirtzig, Responsabel fir de Volet Retail bei der Bankenassociatioun ABBL :
"Mir gesi virun allem bei deene Leit, déi nei an d'Land kommen, dass hir éischt Prioritéit net onbedéngt ëmmer ass, fir eng Immobilie ze kafen, well se vläicht och wëssen, dass se no enger gewëssener Zäit aus dem Land erëm erausginn. An deemno ass hiren éischten Interêt och fir ze soen, wéi kann ech meng Suen uleeën, dass déi och méi wäert hunn, zum Moment, wou ech dann an en anert Land ginn. Ma da gesäit een och, dass allgemeng déi jonk Generatiounen e bësse méi wéi virun e puer Joren och interesséiert sinn un Investissementer. An dat gëllt fir déi klassesch Aktiemarchéen, mee och fir Krypto a fir aner Zorten Investissementer."
All Joer geséich een an deem Secteur e Wuesstem vun 3 bis 4 Prozent bei den Investissementer. Bei de Banke begréisst een deen Trend. Generell ass ee sech eens, dass d’Europäer ze vill Suen op Spuerkonte blockéiert hunn, déi dann net an d’Wirtschaft fléissen an da feelen, bei Erausfuerderunge wéi Energietransitioun oder Ausbau vun der Defense.
Konkurrenz Gratis Invest-Apps: Lëtzebuerger Banke fille sech gutt opgestallt
Lëtzebuerg ass am globalen eng éischter kleng Nummer, wat d’Downloads vun den Trading-Appen ugeet. Weltwäit läit de Grand-Duché enger Etüd vu Cognitive market research op der Plaz 32. D’Montanten, déi vu private Konten op esou Plattforme fléissen, wiere gérabel, seet d’ABBL. D’Konkurrenz duerch d’Appe fäerten d’Lëtzebuerger Banken net, well well et traditionell e staarke Private Banking Secteur ginn hätt. Hei am Land wieren eng 15-20 Prozent vun den Avoire vu Privatleit a Wäertpabeieren investéiert, schätzt de Claude Hirtzig. Wéi vill genee schlussendlech iwwert Appen investéiert gëtt, kéint een net chiffréieren.
Beim Noper Däitschland ass dat e bëssen anescht. Hei läit ee weltwäit op Plaz 3 bei den Downloads, hannert den USA a China. An den Nopeschlänner hätten d’Banken deementspriechend vill Suen un d’Online-Konkurrenz verluer, erkläert d’ABBL.
Wourop muss ech oppassen?
Wie wëllt investéieren, sollt sech e puer Grondfroe stellen, erkläert de Finanz-Expert Claude Arendt: "Eng vun deene Froen ass natierlech 'Wéi vill Risiko sinn ech bereet ze goen an iwwert wat war eng Lafzäit sinn ech bereet, dee Risiko ze goen?'. Ech kënnt dat elo e bëssen ëmdréinen a soen, déi Fro ass am Fong geholl 'Wéini brauch ech meng Suen?'. Wann ech meng Suen a sechs Méint brauch, definitiv brauch, dann ass mengen ech keng gutt Iddi, fir déi Sue produktiv op de Finanzmäert schaffen ze loossen. Da stinn se besser ofgeséchert op engem Spuerbuch. Wann ech awer weess, datt ech déi nächst fënnef Joer déi Suen net brauch a reegelméisseg kann uspueren, da brauch ee mengen ech e bësse Gedold an et soll ee sech net geckeg maache loossen."
Souwuel d’Appe wéi och d’Zerwisser vun de Banke schätze béid Gespréichspartner als relativ sécher an. Och wann eng App oder eng Bank géif Faillitte maachen, géif een Detenteur vu senge Wäertpabeiere bleiwen, betount d’ABBL. Oppassen heescht et awer bei der Besteierung vun de Revenuen aus den Investissementer. Hei sollt ee sech virdrun informéieren.