E Mëttwoch de Moien huet d'Police um CR181 vu Stroossen a Richtung Briddel eng Vitesskontroll duerchgefouert.

Op dëser Plaz ass d'Vitess nämlech op 50 Stonnekilometer reduzéiert, well hei op der Plaz säitens Ponts et chaussées an dem Service Forestier Aarbechten duerchgefouert goufen. D'Vitessekontroll gouf dann och op der Héicht vun den Aarbechten duerchgefouert.

17 Chauffeure krute wärend der Kontroll e Protokoll, well sech net un d'Vitess-Limitatioun gehale gouf.