Firwat ass d'"Moien"-Schëld virum Fluchhafe verschwonnen?

© Eric Ebstein / RTL-Archiv
Nodeems um Findel dat traditionellt "Moien"-Schëld verschwonnen ass, huet d'ADR d'Regierung zu hire Verspriechen am Koalitiounsaccord befrot.
Um Findel gouf viru kuerzem dat grousst Wëllkomm-Schëld mam Text "Moien" – déi traditionell lëtzebuergesch Begréissung – duerch e neien Text ersat: "Luxembourg", also de Numm vum Land op Franséisch, respektiv Englesch. Dëse Wiessel huet fir d'ADR Froen opgeworf, virop beim Deputéierte Fred Keup, deen doriwwer eng parlamentaresch Fro un d'Ministere fir Kultur, Transport a Wirtschaft gestallt huet.
D'Äntwert iwwer de Changement koum elo offiziell vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.
D'Ministesch zitéiert hei de Lux-Airport an erkläert, datt dat viregt Schëld Deel vun enger kommerzieller "Reklammsfläch" gewiescht wier. D'Bank ING, déi dëse Raum wärend Jore genotzt hunn, hätte sech rezent aus "geschäftspolitesche Grënn" zréckgezunn, wouduerch dunn och de "Moien" ewechgeholl gouf.

© Domingos Oliveira / RTL
Den neie Schrëftzuch mat der "Promotiounssignatur vum Land" wier awer just eng "provisoresch Léisung", sou d'Ministesch an hirer Äntwert. "Fir 2026 ass eng digital Installatioun virgesinn, déi Informatiounen a promotionell Contenuen iwwer Lëtzebuerg soll diffuséieren a speziell fir dës Plaz entwéckelt gëtt", erkläert d'Yuriko Backes.
D'Ministesch huet confirméiert, dass de Lux-Airport a Koordinatioun mam Kulturministère un engem Konzept schafft, fir d'Lëtzebuerger Sprooch besser an de Fluchhafen z’integréieren. Allerdéngs huet d'Ministesch och betount, dass déi offiziell Orientatiounsschëlder am Fluchhafen op Englesch a Franséisch bleiwen, fir dem internationale Charakter an den diverse Passagéier Rechnung ze droen. Si huet dobäi ervirgehuewen, dass Lëtzebuergesch awer scho punktuell present ass, zum Beispill bei den automateschen Usoen am Terminal.
De Fred Keup hat och nach hannerfrot, ob de Wiessel vum Message net "am Widdersproch" zu de "Verspriechen aus dem Koalitiounsaccord" géing stoen, d'Lëtzebuerger Sprooch ze "fërderen". D'Ministesch huet duerfir ënnerstrach, dass Lëtzebuergesch en "zentraalt Element vun der Promotioun vum Land" ass.
D'Yuriko Backes erkläert dann och, dass de Wirtschaftsministère enk mam Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch a mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch zesummeschafft. "D'Haaptzil besteet doranner, auslännesch Léit [sic] fir eist Land ze interesséieren, vum Tourist iwwer de Chercheur bis zum Entrepreneur", sou d'Ministesch an hirer Äntwert.