Polizist an éischter Instanz zu Prisong mat Sursis verurteelt

© RTL-Archiv
Wéinst engem sexuellem Iwwergrëff op engem Wäifest gouf e Mann an éischter Instanz zu 15 Méint Prisong mat Sursis a 5.000 Euro Geldstrof verurteelt.
Eng zivil Partie kritt 3.000 Euro Schuedenersatz. De Pressebüro vun der Justiz huet eis d'Nouvelle vum Lëtzebuerger Wort confirméiert. D'Urteel vum Stater Bezierksgeriicht, wat eis virläit, ass vum 9. Juli.
De Virfall war zejoert an der Nuecht vum 9. op den 10. August um Wäifest Picadilly zu Stadbriedemes. Den Täter soll d'Affer virun engem Zelt sexuell attackéiert hunn. Täter an Affer solle sech net kannt hunn. Well et sech beim Auteur vun der Dot ëm e Polizist handelt, huet och d'Generalinspektioun vun der Police ermëttelt.
Dëse Virfall ass net ze verwiessele mat enger anerer Affär. E 17 Joer aalt Meedche soll en Dag méi spéit um selwechte Fest vergewaltegt gi sinn. Dëse Fall konnt bis ewell net opgekläert ginn an den Täter konnt net ermëttelt ginn.
Vun der Justiz heescht et dozou, datt den Dossier lo den 22. Juli "ad acta" geluecht gouf. Dat, well et keng Indicë gëtt, déi op d'Identitéit vum Täter hiweisen. Et konnten och keng Zeien identifizéiert ginn. D‘Affer huet sech an der Suite schrëftlech un de Parquet général adresséiert, well et mat där Decisioun net d'accord ass.
De Parquet général wäert den Dossier nach emol analyséieren an dann decidéieren, ob d’Enquête soll weidergefouert ginn, oder net.