Kanner aus aller Welt komme fir ee Mount zu Lëtzebuerg zesummen
Ronn 30 Kanner aus 8 verschiddene Länner hunn um Jugend Camp CISV, méi genee am Scoutschalet zu Schëtter, deelgeholl.
Dorënner zum Beispill Kanner aus Däitschland, USA, Brasilien, Schweden oder nach Südkorea. E Melting Pot vu Kulturen also, eng Plaz wou Kanner aus der ganzer Welt 4 Woche laang net nëmmen hir Ënnerscheeder, mee virun allem hir Gemeinsamkeete kenne léieren.
Den Slogan vum Camp dëst Joer war Right Foot forward, iwwersat, den richtegen Schratt no vir. Hei goufen déi verschiddenst Themen duerch Aktivitéiten den 11 Joer alen Kanner méi no bruecht.
De Programm-Direkter, Jaime Leogárdo huet d’Thematiken vun dësem Camp erkläert: "Et ass och verbonnen mat de Valeure wou Lëtzebuerg dës Joer well kommunizéieren an zwar d’Mënscherechter. Den CISV fokusséiert sech och op Diversitéit, Nohaltegkeet an Konflikt Léisung."
Fir all Land gëtt et eng Delegatioun déi aus 4 Kanner, engem Erwuessenen Team-Leader an engem Junior Betreier besteet. All Dag iwwer ginn et 3 Aktivitéiten, wou jiddereen drun deel hellt. Wärend der Delegation-Time, kommen d’Kanner aus de selwechten Land mat hirem Leader zesummen.
D'CISV-Aktivitéiten hunn zënter der Grënnung 1950 honnertdausende jonk Leit weltwäit erreecht an zesummebruecht. Offizielle Partner ass iwwerdeems d'UNESCO. Finanzéiert ginn d‘Campen ënnert anerem vu Benevollen, Sponsoren a Subventiounen.