Ee Kand zu Gonnereng ugestouss a blesséiert

© RTL
De CGDIS mellt e Freideg de Moien dräi Accidenter vun en Donneschdeg den Owend, bei deenen am Ganzen zwou Persoune blesséiert goufen.
Géint 18.43 Auer waren deemno op der A3 a Richtung Metz op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Beetebuerg versuergt.
Eng fënnef Minutten drop ass dem 112 gemellt ginn, datt zu Gonnereng e Kand vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf. Hei waren d'Ambulanciere vu Jonglënster um Asaz.
E weideren Accident gouf et da kuerz no Mëtternuecht op der RN10 tëscht Hénkel a Bur, wéi en Auto an eng Mauer gerannt ass. Hei blouf et beim Materialschued. Am Asaz waren d'Ambulanciere vu Mäertert an d'Pompjeeë vu Mompech.