Camionnette rappt sech Uelegbidden u Sécherheetspotto op

© Pierre Weimerskirch
An der Avenue de la Gare zu Esch suergt e Sécherheetspotto reegelméisseg fir kleng Accidenter mat dach deiere Konsequenzen.
Fir an d'Avenue de la Gare ze fueren, muss ee laanscht e Sécherheetspotto kommen, deen an de Buedem kann erofgelooss ginn. Gesteiert gëtt dat iwwert e System mat rouder a grénger Luucht, jee nodeem, ob ee grad fierf duerchfueren oder net.
Um Freideg de Moie koum et zu engem Tëschefall, bei deem de Potto wuel grad nees amgaange war an d'Luucht ze goen, wéi eng Camionnette driwwer gefuer ass. Resultat: D'Uelegbidde vun der Camionnette gouf opgerappt an den Ueleg huet sech um Buedem verdeelt. D'Camionnette ass deemno elo Mol ausser Gefecht an d'Gemengeservicer haten um Freideg de Moien nawell e bëssen Aarbecht, fir den Ueleg nees ewechgebotzt ze kréien.
Vun de Leit an der Strooss war et d'Ausso, dass et scho fir d'Drëtt bannen de leschte puer Méint zu sou engem Tëschefall komm ass.
Op Nofro bei der Escher Gemeng krute mer erkläert, dass et zu sou Accidenter kënnt, well ëmmer nees Chauffere ganz no un dat Gefier viru sech fueren, fir dann nach séier mat duerchzekommen, an der Hoffnung, dass de Potto net sou séier eropfiert. Dat klappt awer net. De Potto an där Strooss wier richteg agestallt an och d'Signalisatioun wier visibel, esou den Nelson Fragoso, Chargé de communication vun der Escher Gemeng.
Déi Pottoe wieren do, fir den Autosverkéier ze reguléieren an d'Strooss fir Foussgänger méi sécher ze maachen.