Mat 105 amplaz 50 duerch d'Diddenuewener Strooss

En Donneschdeg den Owend war zu Alzeng e Chauffer gepëtzt ginn, deen e gutt Stéck méi séier war wéi eigentlech erlaabt.
Wéi d'Police schreift, war den Automobilist mat 105 Stonnekilometer duerch d'Route de Thionville zu Alzeng gerannt, amplaz vun den erlaabte 50 Stonnekilometer. D'Beamten, déi de Won gestoppt hunn, hunn e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.
De selwechten Dag am spéiden Nomëtteg hate Polizisten eng Automobilistin zu Iechternach kontrolléiert. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt d'Fra kee gültege Fürerschäin hat. Donieft gouf et, wéi d'Police mellt, "Onreegelméissegkeete" bei de Pabeiere vum Auto. De Parquet gouf informéiert an huet eng Saisie vum Gefier ordonéiert.