Vun en Donneschdeg op e Freideg ass et der Police gelongen, zwee verschidde Brigangen ze pëtzen, déi op verschiddene Plaze Saachen aus Autoe geklaut hunn.

En Donneschdeg am Nomëtteg war deemno en Tablet aus engem Auto an der Gliesener Strooss am Garer Quartier geklaut ginn. Am Kader vun enger Sich konnten d'Beamten de Verdächtege stellen. Op Uerder vum Parquet krut d'Affer säin Tablet zréck.

An der Nuecht op e Freideg hat iwwerdeem en Täter säi Moment an der Bouneweger Strooss am Garer Quartier genotzt: Wärend e Chauffer nieft sengem Auto telefonéiert huet, huet den Täter iwwer d'Bäifuererdier de Portmonni vu sengem Affer geklaut. Och dëse konnt awer bei enger Sich gestallt ginn.