Den Donneschdeg den Owend géint 20.20 Auer ass am Prisong Uerschterhaff zu Suessem e Feier ausgebrach.

Wéi d'Administration pénitentiaire matdeelt, hätt de Brand séier kënne vun de Beamten ënner Kontroll bruecht ginn.

Weider heescht et, datt kee vun de Prisonéier blesséiert gouf. Ee Beamten ass awer beim Asaz blesséiert ginn. Hie koum fir eng Behandlung an d'Spidol a gouf kuerz dorop erëm entlooss.

Nieft der Direktioun vum Prisong waren de CGDIS an d'Police op der Plaz. Donieft gouf den Ombudsman als externe Kontroller vum Prisong informéiert.