An de fréie Moiesstonne vum Donneschdeg haten Täter Maschinnen aus enger Camionnette an der Stad geklaut a sech dono duerch d'Bascht gemaach.

Wéi d'Police schreift, war hinnen en Donneschdeg géint 2.20 Auer en Abroch an e Liwwerwon an der Beggener Strooss gemellt ginn. Éischten Informatiounen no hat en Täter eng Rei Géigestänn aus der Camionnette geklaut an dës dono an en aneren Auto gelueden.

Am Kader vun enger Sich war et enger Patrull gelongen, de verdächtegen Auto ze lokaliséieren. Beim Erbléckse vun de Beamten huet de Chauffer sech dunn awer fir d'éischt mam Auto a Richtung Walfer duerch d'Bascht gemaach, éier hien op der Héicht vun der Rue du Chemin de Fer zu Fouss weider geflücht ass. De Beamten ass et schlussendlech awer gelongen, de Verdächtegen ze pëtzen, grad ewéi eng weider verdächteg Fra, déi am Fluchtauto konnt gestallt ginn. Am Auto hunn d'Polizisten e puer Baumaschinne fonnt.

De Parquet huet ordonéiert, béid Persoune festzehuelen. Si kommen am Laf vum Freidegnomëtteg virun den Untersuchungsriichter.