Harespele sinn net ongeféierlech, ma och Allergiker kënne sech schützen
De Summer ass normalerweis d'Zäit vum gudde Wieder an dat huet net just positiv, mä och negativ Aspekter. Dozou gehéiert, datt d'Harespele ganz aktiv sinn.
Och wann een dat dëst Joer bis elo vläicht nach net esou matkritt huet, ass d'Zuel vun den Harespelen awer ganz héich. Wann déi pickeg Déiere sech weisen, zum Beispill wann ee grad amgaangen ass mat iessen, suergt dat dacks fir Onrou. Mat wéi geféierlech sinn Harespele wierklech an op wat soll een oppassen, wann een allergesch ass?
Wa se op der Wiss oder soss anzwousch an der Natur ënnerwee sinn, si se normalerweis kee Problem, mee wa se hiert Nascht an engem Haus bauen, da kann et deemno wéi zu méi kriddelege Situatiounen tëscht Harespelen an dem Mënsch kommen. Well wann d'Déiere sech bedreet fillen, da picke se alt emol gären. An dat bedeit da fir de Mënsch:
"Datt et gutt wéi deet, datt et uschwëllt an datt, deemno wéi grouss d'Dosis war, déi een ofkritt huet, déi Schwellung an déi Reaktioun méi oder manner staark ass. Dat ass am Normalfall, wann ee keng Allergien huet. Et ass nämlech interessant bei den Harespelen, datt déi, am Géigesaz zu de Beien, hiert Gëft doséiere kënnen. Well d'Harespele gebrauchen hire Stachel net nëmme fir sech ze verdeedegen, mee och fir ze joen", erkläert d'Lieke Mevis, Biologin bei natur & ëmwelt.

© Domingos Oliveira / RTL
Dowéinst ass de Stachel normalerweis och net propper an et kann zu enger sougenannter Sekundärinfektioun kommen. An deem Fall huet een am beschten, bei den Dokter ze goen. Dee spillt och eng Roll, wann ee mengt, datt een allergesch op Harespelen ass. Et kann ee sech awer net einfach preventiv teste loossen, erkläert d'Dr. Farah Hannachi vum Service Immunologie-Allergologie am CHL.
"Normalement et théoriquement une allergie ça ne souvient jamais lors de la première piqure. En fait si on se fait piquer pour la première fois le système immunitaire va reconnaître le venin, il va se mettre à fabriquer des anticorps de l'allergie contre le venin mais cliniquement il va rien se passer. Et c'est lors d'une piqure ultérieure, la deuxième fois, la dixième fois, la n-ième fois on se fait piquer les anticorsps sont déjà en place et là ça va réagir et là on va faire une réaction."
A wann et sou wäit ass, ass et wichteg, datt ee richteg reagéiert, grad wann eng aner Persoun gepickt gouf, déi dono d'Bewosstsinn verluer huet.
"Si une allergie est avérée et on a une allergie prouvée à la prise du sang et du test et vous avez fait un épisode avec des signes de gravité on va vous prescrire une trousse d'urgence dans laquelle il y a un stylo d'adrénaline. Donc l'adrénaline c'est ce qu'il faudrait utiliser si vous vous faites piquer à nouveau et vous faites une réaction allergique grave. Donc en gros, c'est bleu vers le ciel, orange vers la cuisse, on décapsule et on le met en intramusculaire pendant dix secondes dans la cuisse. Une fois qu'on a fait l'injection on appelle le samu, on appelle le secours."
Ma sou wäit muss et awer net kommen. Mat einfache Mesuren, wéi zum Beispill Méckegitteren, déi een op de Säiten zou pecht, kann een d'Harespelen aus dem Haus eraushalen. An der Natur ass een Tuyau, sech net direkt an d'Afluchslinn virun een Nascht ze stellen. Well am Fong interesséieren déi pickeg Déiercher sech manner fir de Mënsch wéi fir aner Saachen.