Am Juni huet de Regierungsrot e Projet de loi guttgeheescht, dee Changementer beim sougenannte Regroupement familial virgesäit.

Regroupment familia: "Passerell" kritiséiert geplangte Changementer am Gesetz / Claudia Kollwelter

1.600 Leit waarden aktuell op eng Äntwert, nodeems se eng Demande op eng Familljenzesummeféierung gemaach hunn. A verschiddenen europäesche Länner goufen d'Konditiounen an de leschte Jore scho verschäerft, erkläert de Minister vun der Immigratioun Léon Gloden:
 
"Et kann ee souguer de Regroupement familial fir d'Protection subsidiaire, dat heescht konkreet, dat wieren d'Leit aus engem Krichsgebitt, unerkannte Krichsgebitt, an dësem Fall notamment Syrien, komplett sträichen. Dat maache mir net. Däitschland mécht dat zum Beispill, setzt de Regroupement familial aus fir zwee Joer. Mir wëllen dat net!"
 
Leit, déi zu Lëtzebuerg de Statut vun engem Bénéficiaire de protection international kuerz BPI kréien, kënnen eng Demande maachen, fir Familljememberen heihi kommen ze loossen. Déi kréien dann en Titre de Sejour:
 
"Wann déi Familljememberen dann hei op Lëtzebuerg kommen, do ass e gewëssen Deel, dee wëll dann net méi den Titre de séjour, mee dee wëll dann och de Statut als Refugié kréien. Well wann een déi Demande mécht, huet dat als Avantage, datt en dann an eng ONA-Struktur, an am beschte Fall da bei de Familljemember, deen de BPI ass an deen an enger ONA-Struktur ass, kann ënnerkommen."
 
D'Strukture vum ONA vum Office national de l’acceuil sinn aktuell zu 98% besat. Dofir wier den Drock och geklommen, eppes ze änneren. Wat ass mam neie Projet de Loi virgesinn?
 
"Wann een hei BPI ass, da kann ee seng Kanner ënner 18 Joer a säi Partner komme loossen, mat der Konditioun, datt een e Lien mat deem Partner bestoen huet, wéi d'Demande als BPI gemaach ginn ass. Ech kann och weiderhi meng Kanner iwwer 18 Joer oder aner Membere vun der Famill komme loossen, wéi de Kanner hir Grousseltere, Monni, Tatta, an esou weider. Mee da muss ech eeben déi generell Konditiounen erfëlle wéi all anere Ressortissante vun engem État tiers, dat heescht ech brauch ee Logement an ech muss genuch finanziell Ressourcen hunn, fir fir déi Leit opzekommen."
 
D'Begrënnung, et wéilt een Plaz an de Strukturen schafen, léisst d'Marion Duboi vun der ASBL "Passerell" allerdéngs net gëllen:

"Ce ne sont pas ces personnes-là qui prennent de la place dans les infrastructures d'hébergement. C'est les demandeurs d'asile tout court. Et en fait, qui visent vers le regroupement familial principalement, ce sont des enfants mineurs et des conjoints, pour qui on ne va pas restreindre pour le moment l'accès au regroupement familial."

"Passerell" gëtt an hirer Permance am meeschte wéinst der Familljenzesummeféierung vu Leit consultéiert. Et wier eng laang a schwéierfälleg Prozedur an d'ASBL gesäit net den Interêt, de Regruppement nach méi schwéier ze maachen:
 
"Je ne nie absolument pas les difficultés rencontrées par le gouvernement en matière d'hébergement des demandeurs d'asile, en matière de logement de manière plus globale. C'est catastrophique! Mais pour nous, la solution, elle ne vient pas par l'idée de restreindre l'accès des personnes qui vivent ici à leurs droits fondamentaux."

Jidderee soll weider d'Méiglechkeet hunn, seng enkste Familljememberen op Lëtzebuerg ze kréien, betount de Leon Gloden, mee doriwwer eraus wier et net méiglech, ausser, et géif een op eegene Féiss stoen, sou nach de Minister.
 
Enn September wäert de Projet de loi dann eng éischte Kéier an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert ginn.