Zejoert goufe sechs Tonnen eidel Laachgasbehälter uechter d’Land entsuergt. Dräimol esou vill wéi nach dat Joer virdrun, ënnersträicht d’Superdreckskëscht.

Laachgas als Partydrog / Reportage: Marlène Clement

Et si souguer 60 mol esou vill, ewéi nach virun dräi Joer. D’Superdreckskëscht schléisst dorausser, datt de Laachgas mëttlerweil fir aner Zwecker genotzt gëtt, wéi eigentlech geduecht.

Eigentlech gëtt de Protoxyde d’azote benotzt, fir Loftbäll opzeblosen, fir Schlagsan aus der Spraydous oder fir Anästhesie-Zwecker an der Medezin. Well e bëlleg an einfach ze kréien ass, gëtt en awer och ëmmer méi beléift bei jonke Leit als Partydrog. A Frankräich, Groussbritannien an elo gläich och an Däitschland ass de Verkaf vu Laachgas u Mannerjäreger antëscht verbueden. Zu Lëtzebuerg ass dat aktuell net geplangt, wéi den nationalen Drogebeoptraagten Dr. Alain Origer op Nofro hin erkläert.:

"Et ass effektiv nach kee Land, dat effektiv eng Impaktanalys gemaach huet, fir ze kucken: wat bréngt dat Gesetz? Well ech menge mir wëssen alleguerten, dass wann een dat verbitt, éischtens emol muss dat ugewannt ginn, et muss kontrolléiert ginn an de Geschäfter, an de Kiosken, wou ëmmer. An et kritt een et fräi um Internet ze kafen." 

Dem Alain Origer no brauch et dofir eng europäesch Léisung. Datt aktuell méi eidel Kartuschen oder Bonbonnen am Grand-Duché entsuergt ginn, géing awer net automatesch bedeiten, datt et vill méi Konsumente ginn, ënnersträicht hien. D'Acteuren um Terrain géinge jiddefalls den Ament keen esou een Trend observéieren. Dat confirméiert och den Direkter vun der Initiativ PIPAPO, déi Jonker am Nuetsliewen iwwer séchert Feieren an Drogen opkläert. Et géif awer vereenzelt Indicen, esou de Carlos Paulos:

"Mir observéiere scho ganz lokaliséiert kleng Gruppen, déi domadder experimentéieren, respektiv Leit, déi e Loftballon mat dobäi hunn, wa se rausginn." 

Den Effekt vum Laachgas hält just e puer Sekonnen un, ass awer alles anescht ewéi harmlos, warnt den Dr. Alain Origer vun der Santé. Dat geet vun akute Problemer ewéi Schwindel bis bei Laangzäitfolgen:

"Dat ka bis zu neurologesche Stéierunge féieren, bis zu Paralysie. Dat heescht, wann een dat wierklech laang Zäit an intensiv bedreift, dat kann irreversibel neurologesch Schied ervirruffen."

De Konsum vu Laachgas bréngt awer nach aner Gefore mat sech, ewéi de Paul Rasqué vum Ëmweltministère präziséiert.

"Mir sinn am Fong geholl och vum Offallsyndikat Sidor kontaktéiert ginn, dass si och vun hiren Exploitatiounen, vun hirem Reseau matkritt hunn, dass eebe vill, och deelweis Explosiounen a Verbrennungsanlage stattfannen, net elo onbedéngt zu Lëtzebuerg, mee och an auslänneschen Installatiounen." 

Et ass deemno de Rappell, Gasfläschen an och kleng Kartuschen op kee Fall an déi schwaarz Poubelle doheem ze geheien, mee am Recyclingszenter ofzeginn.