CGDIS Bulletin
Dräi Persoune bei Accidenter um Freideg blesséiert

Dräi Persoune goufen an Accidenter e Freideg am fréie Mëtte blesséiert, mellt de CGDIS.
Um 13.20 Auer ass et zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto zu Béiwe komm, hei gouf eng Persoun verletzt. D'Sekuriste vu Wolz an dem Asazzenter Uewersauer waren op der Plaz.
Zwou weider Persoune goufe blesséiert, wéi kuerz viru 15 Auer zu Déierbech en Auto an e Potto gerannt ass. Hei waren d'Sekuriste vu Clierf, Ettelbréck a Wëntger am Asaz.
Am meeschte gelies