An der Nuecht op e Samschdeg huet zu Uewerkuer an der Avenue Charlotte en Haus gebrannt.

Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng, Käerjeng, Esch a Péiteng. Et blouf beim Materialschued.

Kuerz virun 3 Auer sinn zu Nidderkuer an der rue Nicolas Theis zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt.

E Freideg géint 17.30 Auer sinn op der A4 Direktioun Esch, tëscht Leideleng-Süd a Steebrécken zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.