E Freideg den Owend, kuerz virun Hallefnuecht krut d'Police eng Kläpperei tëscht zwou Persounen zu Esch gemellt.

D'Policebeamte wollt déi zwee vuneneen trennen, wat net zu der Kooperatioun vun hinne bäigedroen huet. Si ware béid alkoholiséiert an aggressiv, wouduerch se eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hunn. Si koumen no enger medezinescher Kontroll allebéid an de Passagearrest. Hei goufen dunn och nach 1,5 Gramm Haschisch séchergestallt.