Um 2 Auer krut d'Police e Samschdeg an Abroch an en Auto an der rue de Montmedy zu Bouneweg gemellt.

D'presuméiert Täter hu sech a Richtung Hamm duerch d'Bascht gemaach, wou se awer kuerz Zäit drop vun der Police gepëtzt konnte ginn. De Parquet gouf informéiert an déi geklaute Saache goufe séchergestallt. Ee vun de Brigange war nawell staark alkoholiséiert a koum an de Passagearrest.

Alkohol um Steier

Um 3.30 Auer e Samschdeg krut d'Police en Automobilist gemellt, deen am Zickzack duerch Wallenduerf-Bréck fuere géif. Den Alkoholtest war positiv an de Chauffer gouf protokolléiert. Iwwerdeems huet den Auto  musse stoe bleiwen.

Alkoholkontroll op Uerder vum Parquet

Tëscht 1.30 a 4 Auer huet d'Police zu Iechternach eng gréisser Alkoholkontroll duerchgefouert. 163 Automobilisten hunn en Otemtest musse maachen. A 5 Fäll war dëse positiv, woubäi awer kee sou iwwerdriwwen hat, dass e Fürerschäin hätt mussen agezu ginn.