D'Monnerecher Pompjeeën hunn um Samschdeg an der Mëttesstonn mussen an den Asaz, nodeems zu Féiz e Vël'OK Feier gefaangen hat.

D'Pompjeeë ware séier op der Plaz an haten d'Feier séier geläscht. Esou konnt evitéiert ginn, dass weider Vëloe beschiedegt ginn, respektiv de Brand sech konnt zum Beispill op d'Heck hannendrun ausbreeden.

Kuerz nodeems d'Feier geläscht war, ass och d'Police op d'Plaz komm.