Course poursuite vun der Stad op Nidderkuer geet mat Auto op der Kopp op en Enn

© RTL Archiv
An der Nuecht op e Samschdeg war e Chauffer wéinst enger Policekontroll geflücht. D'Course poursuite koum zu Nidderkuer no e puer Kollisiounen op en Enn.
Wéi d'Police schreift, war enger Patrull e verdächtegen Auto géint 1.30 Auer an der Côte d'Eich opgefall. Wéi d'Beamten de Chauffer kontrolléiere wollten, huet dëse sech duerch d'Bascht gemaach.
Bei der Course poursuite ass de verdächtegen Auto mat héijer Vitess duerch eng Rei rout Luuchten duerch d'Stad op d'A4, iwwer d'A13 op Nidderkuer gefuer. An der Rue Theis zu Nidderkuer ass den Auto ofgebéit, woubäi en an zwee geparkt Autoe gerannt ass an e puer Policeween beschiedegt huet.
D'Polizisten, déi deen Ament net méi an hirem Auto waren, konnten dem Auto, deen deels geféierlech op si duer gefuer ass, rechtzäiteg auswäichen. Den Auto ass schlussendlech mat engem weidere stationéierte Won kollidéiert, woubäi e sech iwwerschloen huet an op der Säit leie bliwwen ass.
Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer kee gültege Permis hat an den Drogentest positiv war. Donieft goufen am Auto Droge séchergestallt. An et ass opgefall, datt de selwechte Mann schonn an der Nuecht vun e Freideg bei enger Policekontroll dovu fortgefuer war.
De Mann koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a koum e Samschdegnomëtteg virun den Untersuchungsriichter.