Mam Barbecue de la Rue "d'Leit rëm an d'Gesellschaft zréckhuelen"
Iessen a Gedrénks si fir déi meescht Leit Normalitéit, fir vill Leit awer ee Privileeg.
Um Barbecue de la Rue kréie Mënschen, déi um Bord vun der Gesellschaft, an der Prekaritéit oder eleng liewen, e puer Stonnen, déi se zesumme mat anere Leit kënne verbréngen. Si bleiwen dobäi och net hongreg: si kruten eng waarm Moolzecht an ze drénken. Et war ewell déi 7. Editioun, dës Kéier net am Park um Belair, mä am Kader vun der LUGA am Park am Pafendall.
Waarm war net just d‘Wieder oder d‘Gegrills, dat déi sozial schwaach Leit e Samschdeg offréiert kruten, mee och d‘Aart a Weis, wéi si empfaange goufen. D‘Iesse war awer net just fir d‘Frënn vun der Strooss reservéiert, mee och fir d‘Touristen an d‘Leit aus dem Pafendaller Quartier. Et soll eng Plaz vun der Begéinung sinn. Eng Plaz, fir zesummen ze sinn, onofhängeg dovun, wou een hierkënnt. A lauschtert een e bëssi no, héiert ee séier: d’Leit wëssen et ze schätzen.
Ronn 50 Benevollen hu probéiert, den iwwer 200 Gäscht flott Stonne vun Entspanung an intressanten Aktivitéiten unzebidden, mat engem entspriechend musikalesche Programm. De Léon Kraus, President vun der Asbl Noel de la Rue. an Organisateur vum Barbecue de la Rue.
"De Gedanken ass deen, dass déi, déi um Rand vun der Gesellschaft liewen, eis un d‘Häerz gewuess sinn. Dat heescht, mir déi Benevole sinn, déi am Noël de la Rue täteg sinn, mir gleewe fest dorun, dass, wann een d‘Leit rëm an d‘Gesellschaft zréckhëlt, wann ee flott Stonne mat hinnen erlieft, dass een dann net op Gedanke kënnt, wou een ustéisseg ass an der Gesellschaft."
Finanzéiert gouf dat Ganzt iwwer Donen. Den nächste grousse Rendez-vous fir d‘Frënn vun der Strooss ass op Chrëschtdag um traditionellen Noël de la Rue am alen Tramsschapp.