Bei enger Maniff an der Stad géint den Ukrain-Krich huet de Jeannot Ries nogefrot, wat d'Ukrainer iwwer d'Gespréicher tëscht dem Trump an dem Putin denken.

"Mir erwaarden ons näischt." - d’Reaktioun vun der ukrainescher Communautéit hei zu Lëtzebuerg op déi ugekënnegt Gespréicher den nächste Freideg tëscht dem amerikanesche President Trump a sengem russeschen Homolog Putin an Alaska. Ze dacks wier ee bannent de leschten 10 Joer enttäuscht ginn.
 
"On ne compte sur rien. On a eu plein de documents signés avec la Russie, avec des présidents russes. Que ce soit Poutine ou les présidents précédents. Aucun de ces accords n’a été gardé. On a aucune garantie de sécurité actuellement, qui va nous prouver que ce nouvel accord qui sera établie avec la participation des Etats-Unis sera tenue", sou den Nicolas Zharov, President vun der Asbl Lukraine hei zu Lëtzebuerg.

Um Hamilius, hat sech d'ukrainesch Communautéit Rendez-vous ginn, fir virop emol un eent z'erënneren:
"Il n’y a pas de vacances en Ukraine. C’est la guerre chaque jour. Chaque matin on se réveil avec des maisons qui sont détruites, avec des missiles qui arrivent. Et malheureusement on n’a pas assez d’aide militaire pour pouvoir se défendre contre ces milliles."
 
"Mir gi keen Territoire op."

Den Ament gëtt vill spekuléiert, wat déi méiglech Verhandlungsbasis den nächste Freideg kéint sinn. Elo scho steet fest: d'Ukrain ass ënner kengen Ëmstänn bereet, Territoire u Russland ofzeginn.
 
"Ce serait une récompense pour Poutine", sou den Nicolas Zharov.

Den Nicolas Zharov plaidéiert, Moskau net ze belounen. Ma de wirtschaftlechen Drock iwwer Sanktiounen weider ze verstäerken.

"On voie bien que l’économie russe ne vas pas trop bien, malgré leurs publications. On a des rapports qui disent justement le contraire. Que la situation est la pire depuis 2022. Que les sanctions fonctionnent."

Dat ukrainesch Vollek hätt no all de Sacrificer aus de leschte Joren e gerechte Fridde verdéngt. Deen de Rescht vum Europäesche Kontinent virun engem méigleche russeschen Ugrëff schütze géif.