7 Blesséierter bei e sëllegen Accidenter uechter d'Land

Vill ze dinn haten d'Rettungsservicer um Samschdeg, vum fréien Nomëtteg bis an d'Nuecht eran.
Kuerz no 17 Auer sinn zu Esch an der Uelzechtstrooss e Moto an en Auto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt.
Géint 17.30 Auer huet et an der Stad um Boulevard General Patton tëscht zwee Autoe gerabbelt. Hei mellt de CGDIS zwee Blesséierter.
Um 19 Auer da gouf et e weideren Accident tëscht zwee Autoen, déi Kéier zu Péiteng an der Rue du Stade. Och hei goufen zwou Persoune verwonnt.
Um 21 Auer dann ass zu Stadbriedemes an der Wäistrooss eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Eng Persoun gouf blesséiert.
Um Sonndeg de Moie fréie ass um CR128 tëscht Haler a Beefort en Auto bäigaangen. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.