Zu Märel
Alkoholiséiert Persoun schléit direkt e puer Autosfënstere futti

Beispillfoto / © Paul Zinken / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Um Sonndeg kuerz virun 2 Auer gouf d'Police informéiert, dass zu Märel an der Rue de Longwy an der Rue de Merl eng Persoun géif Autosfënstere futti schloen
Déi alkoholiséiert Persoun konnt kuerz drop vun der Police ugetraff ginn an huet d'Nuecht am Passagearrest verbruecht. D'perséinlech Donnéeë vun der Persoun goufen notéiert an e Protokoll gouf geschriwwen.
Alkohol um Steier
E Sonndeg de Moien um 5 Auer ass enger Policepatrull en Auto an der Rue Sainte-Zithe an der Stad opgefall, deen d'Luuchten net un hat. De Chauffer gouf kontrolléiert an den Alkoholtest war positiv, wouropshin de Fürerschäin agezu gouf.
Am meeschte gelies