E Samschdeg den Owend géint 20 Auer huet d'Police eng Drogekontroll am Garer Quartier duerchgefouert.

Heibäi gouf eng Persoun kontrolléiert, bei där de Verdacht bestoung, dass se Drogen dobäi hätt. Et sollt sech dann och am Spidol am Scanner erausstellen, dass de Verdacht berechtegt war. Et konnte 4-5 Friemkierper identifizéiert ginn.

Op Uerder vum Parquet gouf d'Persoun verhaft.