Bau vun neier Seelbunn "war eng Herkulesaarbecht"
Vum Schlass iwwer d'Seelbunn bis zur Schwämm: vill Attraktioune fir Kleng a Grouss ginn et zu Veianen.
Veianen ass eng typesch Touristenuertschaft. Ronn 2.200 Awunner zielt d'Stad. An engem Joer géifen eng 600.000 Touriste gezielt ginn, sou den aktuelle Buergermeeschter, Francy Weyrich. Mam Schlass, dem Sessellift an zanter e puer Wochen och nees der Schwämm huet Veianen dräi wichteg Attraktiounen de Visiteuren unzebidden.
"D'lescht Joer hate mir 265.000 Visiteuren am Schlass", sou e ganzt houfregt Jessica Ersfeld. Si ass eng vun 19 Mataarbechter vun der asbl "Les Amis du Château de Vianden". "Am Wanter sinn et manner Leit. Am Summer natierlech méi", sou d'Jessica Ersfeld weider. An der Haaptsaison passéieren all Dag tëscht 1.500 bis 2.000 Leit d'Keese vum Veianer Schlass.
D'Schlass war fréier am Besëtz vun der groussherzoglecher Famill. Zanter 1977 ass de Lëtzebuerger Staat de Proprietär. "1978 gouf eng asbl gegrënnt. Les Amis du Château de Vianden nennt sech des asbl. Si geréiert alles sur Place. Dat geet vum Personal bis hin zu Manifestatiounen organiséieren."
Am Schlass selwer kënnen d'Visiteuren eng 20 Säll gesinn. "1 bis 2 Stonne laang dauert d'Visitt. Am Haff gëtt et och en Informatiounszenter, dee relativ nei ass. Hei kann ee sech e Video iwwer déi ganz Baugeschicht vum Schlass ukucken", erzielt d'Jessica Ersfeld.
D'Veianer Schlass ass ronn 1.000 Joer al. Et gouf wärend der romanesch-gotescher Zäit gebaut. De Renaissance Stil ass och zum Deel nach rëm z'erkennen. Aus strategesche Grënn gouf d'Schlass deemools op dëser Plaz gebaut.
D'ganzt Joer iwwer huet d'Schlass seng Diere fir de Public op. Am Wanter nomëttes bis 16 Auer. "Wärend 6 Méint si mir awer vu moies 10 bis owes 18 Auer op. Mat Hëllef vun engem Audio Guide gëtt de Visiteur och sou munches iwwer dës Plaz an d'Geschicht vum Schlass gewuer. An deenen eenzele Säll kritt een och Erklärungen. Och d'Miwwelen, déi ee gesäit, kritt een erkläert a firwat dëse Sall genotzt ginn ass. An 10 verschidde Sprooche funktionéiert dësen Audio-Guide", erkläert d'Mataarbechterin vum Schlass.
Vum Schlass op de Sessellift
Zanter dem Summer 1955 gëtt et zu Veianen de Sessellift. Vun 220 Meter geet et bis op 440 Meter erop. D'Seelbunn fiert mat ronn 5 Kilometer an der Stonn. Wärend ongeféier 6 Minutte gëtt ee vun A op B gefouert. "De spéidere Buergermeeschter Raymond Frisch hat d'Iddi vun dëser Attraktioun. Hie war deemools de President vum Syndicat d'Initiative. Zanter 1985 ass d'Gemeng Proprietär vun der Seelbunn", sou d'Gaby Heger, fréier Buergermeeschtesch vu Veianen.
Vun Ouschtere bis de Weekend vum Nëssmaart ass d'Seelbunn a Betrib. "Soubal d'Wieder ëmschléit a méi schlecht gëtt, ass et och eriwwer mat der Seelbunn", sou den aktuelle Buergermeeschter, Francy Weyrich. Zanter dem 1. Mee 2006 ass déi zweete Generatioun vum Sessellift am Asaz. Si gouf aus Sécherheetsgrënn noutwenneg. "Et war eng Herkulesaarbecht, fir a kierzter Zäit déi al Bunn ofzerappen an déi néi z'installéieren", sou d'Gaby Heger, déi déi Zäit Buergermeeschtesch war.
"Mat Vue op d'Schlass e puer Längten am Baseng schwammen"
Rezent kann een och nees am 50 Meter Baseng vun der Veianer Schwämm seng Längte schwammen. "D'nächst Joer kënnt déi drëtt Phas, wou mir och fir d'Kanner eng flott Plaz bidden", sou de Francy Weyrich.
"Virdeel vum grousse Becken ass, deen ass elo gehëtzt. Och wéi d'Wieder net esou gutt war, si Leit an de Baseng hir 50 Meter schwamme komm. Mat der Vue op d'Veianer Schlass, dat huet och säi Charme".
Bis de 14.September ass d'Piscine fir de Public op. Bis den 31. August vu moies 11 bis owes 19 Auer, duerno vu moies 11 bis owes 18 Auer.
Um Internetsite www.visit-vianden.lu kritt ee weider Detailer.