De CGDIS mellt e Sonndeg dräi Accidenter uechter d'Land, bei deenen am Ganze véier Leit blesséiert goufen.

Kuerz virun 12 Auer krut den 112 deemno en Accident tëscht engem Vëlo an engem Auto an der Route de Thionville zu Weiler zum Tuer gemellt, bei deem eng Persoun blesséiert gouf. Op der Plaz waren de Samu-Noutdokter aus der Stad, d'Ambulancieren aus der Stad an d'Pompjeeë vu Weiler zum Tuer.

Zwee Blesséierter goufe géint 13.29 Auer op der RN27 tëscht Lëlz an Ënsber gemellt, nodeems zwee Motorrieder anenee gerannt waren. Hei waren d'Rettungsdéngschter vum Zenter Nordstad a vum Zenter Alebesch-Eschsauer um Asaz.

Eng weider Kollisioun tëscht engem Auto an engem Cyclist gouf et iwwerdeem géint 16.36 Auer zu Ëlwen an der Rue d'Asselborn. D'Ambulanciere vu Wolz an d'Pompjeeë vun Ëlwen waren op der Plaz.