Wéi sech déi beléift Touristenattraktioun entwéckelt huet
Vun Ouschtere bis de Weekend vum Nëssmaart dauert d'Saison vun der Seelbunn zu Veianen. Dausende vu Leit profitéiere vun dëser Touristenattraktioun.
Am Summer 1955 goung d'Seelbunn fir Touristen zu Veianen op. Si gehéiert nieft dem Schlass an der Piscine zu den Haaptattraktioune fir d'Visiteuren. Zanter dem 1. Mee 2006 ass déi zweet Generatioun vu Seelbunn a Betrib. Si gouf tëscht Oktober 2005 an Abrëll 2006 installéiert. Ronn 80.000 Leit profitéiere vun Ouschtere bis zum Nëssmaart, fir en Tour mat der Seelbunn ze maachen.
Bis den 31. August ass si all Dag vu moies 10.30 bis owes 19 Auer fir de Public op.
Fun Fact: De Mick Jagger ass iwweregens scho mat sengem Fils mat der Veianer Seelbunn gefuer.