CGDIS-Bulletin
Ee Foussgänger zu Weilerbaach ugestouss an een Auto a Brand

© RTL Archiv
E Méindegmoie mellt de CGDIS zwou Interventiounen. Deemno hat zu Diddeleng en Auto gebrannt an zu Weilerbaach gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss.
Méi genee war dem CGDIS géint 18 Auer e Sonndeg den Owend gemellt ginn, datt an der Strooss "Op der Nuddelsfabrik" zu Diddeleng en Auto géing brennen. D'Pompjeeë vun Diddeleng hunn d'Feier geläscht.
An der Dikrecher Strooss zu Weilerbaach gouf iwwerdeem ëm 21.39 Auer e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Um Asaz waren d'Ambulanciere vun Iechternach an d'Pompjeeë vu Bäerdref.
Am meeschte gelies