Dës Woch gëtt et am Grand-Duché nees méi waarm. Meteolux warnt virun Temperaturen tëscht 31 an 33 Grad um Dënschdeg.

Am wäermste soll et Meteolux no tëscht 13 an 18.59 Auer en Dënschdeg ginn. D'Loft soll dréche bleiwen an d'Sonn sech de ganzen Dag weisen. D'Warnung gëllt fir dat ganzt Land.

Och déi nächst Deeg bleift et hëtzeg am Grand-Duché. Fir e Mëttwoch gi mat 31 bis 33°C déi selwecht Temperature wéi fir en Dënschdeg virausgesot, allerdéngs solle sech Mëtt der Woch e puer Wolleke weisen. En Donneschdeg gëtt et mat 26 bis 28 Grad e bësse méi kill, éier d'Temperaturen e Freideg an e Samschdeg nees op 29 bis 31 Grad klammen.

Wéi Dir richteg mat der Hëtzt ëmgitt, kënnt Dir an eisem Artikel noliesen.

RTL-Wiederfräsch

HD Wiederradar - Déi lescht 3 Stonnen