Déif gepëtzt
E-Trottinett zu Bouneweg geklaut, op Escher Gare erëmfonnt

E Sonndeg de Moie war der Police gemellt ginn, dass zu Bouneweg ënnert anerem eng E-Trottinett aus enger Garage geklaut gouf.
Wéi d'Police mellt, hat en Onéierlechen Objeten aus enger Garage an der Rue des Gaulois zu Bouneweg geklaut, dorënner och eng E-Trottinett. Am Kader vun der Sich konnt de Verdächtegen zesumme mat der E-Trottinett zu Esch op der Gare gestallt ginn. Bei him goufen ausserdeem weider geklaut Saache séchergestallt.
Op Uerder vum Parquet gouf Protokoll erstallt. D'Besëtzer kruten hir Saachen zréck.
Am meeschte gelies