An der Nuecht op e Sonndeg gouf e Mann ofgefouert, deen an engem Café zu Diddeleng Clientë belästegt hat. Och um Policebüro wollt hie sech net berouegen.

Wéi d'Police schreift, ware si géint 2.30 Auer um fréie Sonndeg an d'Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng geruff ginn, well e Mann d'Clientë belästege géing an net wéilt goen. Op der Plaz konnten d'Beamten de Mann schlussendlech och untreffen, ma fir weider Amtshandlunge koum hie mat op de Policebüro. Hei huet hie sech awer net berouege gelooss an huet d'Poliziste beleidegt an ass hinne géigeniwwer handgräiflech ginn.

De Mann gouf wéinst Rebellioun protokolléiert.