Stater Tourismus war trotz Reen bis ewell erfollegräich
Stater Attraktioune wéi d'Kasematten, d'LUGA an d'Palaisvisitten zéien och dëst Joer nees vill Visiteuren un.
D’Stroosse vun der Stad si gefëllt. Héich Zuelen an de Kasematten, beléifte Visites Guidéeën a verstäerkt Offere vum LCTO suerge fir en optimisteschen Tëschebilan beim Stater Tourismus.
Trotz dem staarke Reen déi lescht Wochen an engem net esou summerleche Start an d’Summervakanz hëlt d'Zuel vun den Touristen an der Stad net of. D’Saison wier bis elo ganz erfollegräich, erkläert den Edgar Janssen vum Luxembourg City Tourist Office:
"Ufanks vun der Saison hu mer einfach gemierkt, datt ganz vill Reesender oder och Gruppen a Famillen aus aller Welt wierklech an der Stad ënnerwee sinn a sech och net ofbrénge loosse vum Wieder oder vun de Wiederkonditioune fir Lëtzebuerg ze besichen. Wat eis Zuele lo betrëfft, do mierke mer keen Abroch. A wéi gesot, d'Leit si gutt virbereet. Entweeder hu se déi entspriechend Kleedung oder si siche sech einfach Aktivitéiten, déi ee kann dobanne maachen."
Fir der Nofro entgéintzewierken, misst een d’Offeren ëmmer rëm upassen:
"Effektiv si mer permanent ëmmer amgaangen, eis a Fro ze stellen an och ze kucken, wéi sinn d'Experiencë vun eise Visiteuren a wéi kënne mer déi och verbesseren? Deementspriechend ass et och bei eise Visites guidéeën, wat fir eng nei Produiten oder wat fir eng nei interessant Informatioune ginn et an der Stad, déi mer kënnen a Form vun enger Visite guidée abannen. Dat ass deementspriechend einfach och fir qualitativ ëmmer erëm deem Rechnung ze droen, wat den Tourist an de Visiteur vun der Stad freet."

Den Edgar Janssen vum Luxembourg City Tourist Office / © Pierre Jans
Nieft den exklusive Visites guidéeën am Palais iwwert den August zitt d’LUGA weiderhin nach Touristen an d’Staat:
"Ech weess, datt mir u sech ganz reegelméisseg bei eis am Bureau d'accueil um Knuedeler zu dem Theema LUGA gefrot ginn an och Informatiounen iwwert de Parcours gefrot ginn. An deementspriechend ass schonn d'LUGA och e wichtegen Unzéiungspunkt fir den Tourismus an der Stad Lëtzebuerg. Quitte datt hire Fokus op dem Outdoor ass, mee trotzdeem bidde si awer och e ganz flotte Programm mat ganz villen Aktivitéiten un, déi banne sinn an och wiederonofhängeg sinn."
Och den neie Pavillon an d’Optimiséierunge vun de Péitrusskasematten huet e positiven Afloss op d’Zuelen:
"Also u sech ass et elo schwéier vergläichbar mat deene Jore virdrun, well mer do einfach ganz limitéiert ware bei eise Visitten, well mer do nëmme Gruppe mat 15 Leit a 4 pro Dag konnten eraloossen. Mëttlerweil hu mer awer elo esou Créneauen allkéiers vun enger Véierelsstonn, wou mer kënnen 30 Leit empfänken, dat heescht mir hu bis elo am Summer e Kontingent vu 780 méiglechen Ticketen. A ganz kloer mierke mer u sech, datt dat e ganz gudden Taux d'occupation ass vun iwwer 40% an deementspriechend och déi Offer vun de Visiteure ganz gutt ugeholl gëtt."
Am Juli zielt den LCTO ronn 8.500 an de Péitrusskasematten a 31.000 Visiteuren an de Bockkasematten. Am August ginn et bei de Kasematten dann och verlängert Ëffnungszäiten, vun 10 Auer bis 19 Auer.
Zanter Ufank August huet den LCTO 55 nei Guiden an offréiert Visites guidéeën a bis zu 20 verschiddene Sproochen.